Henri BOSSI net mi Trainer beim USH. Marc THOMÉ iwerhëllt.


04 March 2024

Henri BOSSI net mi Trainer beim USH.
Marc THOMÉ iwerhëllt.
 
No der 1-2 Nidderlag gëschter géint den FC MAMER, huet den Henri BOSSI seng Demissioun gin als Trainer vum USH. Hien wëll no 1 Punkt aus de leschten 5 Matcher (wou d’Equipp vun der 1. op di 6. Plaatz zreckgefall as) de Wee fräi maachen fir nei Impulser matt engem neien Trainer. Hien bleiwt awer weider beim USH aktiv. 
Den Henri wor matt 2 kurzen Ennerbriechungen zanter 2016 Trainer beim FC US HOSTERT a stung iwer 200 Mol un der Touche. 
Den FC US HOSTERT seet dem Henri villmols Merci fir seng exzellent Aarbecht, di secher net de Gronnd fir di aktuell sportlech enttäuschend Situatioun ass. Mir freeën ons op säi weidert Engagement am Veräin!
 
Den Marc THOME wor bis de November 2023 nach Trainer bei der Jeunesse ESCH.
Virdrun wor hien e.a. Trainer zu KAERJENG, ROUSPERT an DEIFFERDENG. De fréieren Nationalspiller huet 25 Joer Trainererfahrung. Hien huet e Kontrakt bis Enn Saison matt enger Optioun fir eng weider Saison.
Den FC US HOSTERT freet sech op d’Zesummenaarbecht mam Marc a wënscht him bonne chance!