USH verléiert no ganz schlechter 1. Halschent (0-3) matt 1-4 zu Péiteng!


13 November 2022

Ons Equipp haat e katastrophalen Ufank an de Match (2-0 fir Péiteng no 10min) a lung an der Paus schon 3-0 hannen. Mir hun ons awer net opgin an direkt noom Wiessel durch den Julian BIDON den Uschlossgol geschoss (3-1 47e). No engem Potoschoss vum Donovan BONET konnt Péiteng matt hiirer 1. Aktioun an der 2. Halschent den 4-1 markeieren 67e). Domadder wor Partie definitiv entscheed.

USH bleiwt op der 12. Plaatz matt 11 Punkten.

E nexte Sonndeg kënnt et dann zum wichtegen Duell doheem géint Etzella.