USH trëfft op fréieren Bundesligist FC HOMBURG


28 January 2023

Haut em 14.00 Auer spillt ons Équipe en Testmatch beim 4. vun der Regionalliga Südwest. Homburg huet als Zil den Opstieg an 3. Bundesliga. Di Gring-Wäiss woren an den 1980er Joren schons emol an der 1. Bundesliga (fir d'lescht 1989/90), sin dunn awer bis an Oberliga (5. Liga) ofgerutscht, mee sin elo rem um Wee no uewen.
En schwéieren mee och flotten Testmatch demno fir ons Jongen, di sech de moien mam Bus op Rees machen.