Season Opening 21/22 : En Succès


20 September 2021

Bei herrlechen Wieder, war de Samschden 18 September den traditionellen Season Opening vun den Jugendequippen vu US Hueschtert.

Um 9h hunn d’Bambini géint Sandweiler ugefaange. Sie haten am neien Modus am 4 géint 4 ob engem klengen Terrain vill Spaass.

Um 10h30 hunn d’Poussins géint Merl mat 7:2 gewonn.

Bei den Pupillen war et leider manner erfollegräich. Pupillen 1 hunn 4:6 géint Sandweiler verluer an d’Pupillen 2 mat 6:18 Remich/Bous 2.

Am Nomëtten hunn d’Minimen no enger gudder Leeschtung 0:2 géint d’Diddeleng de Kierzere gezunn.

Zum Ofschloss hu mer nach zwou Victoire gesinn. Bei den Cadeten huet Hueschtert 12:0 géint Weiler-la-Tour gewonn, bei deenen sech deen eenzegen Golkipper an der éischter Hallschent verletzt huet.

De leschte Match war dann eng 10:1 Victoire vun de Scolairen géint Steinsel.

Mir bedanken eis häerzlech bei den Spiller, Spectateuren, den Arbitteren an den Elteren de gehollef hunn dësen Dag zou engem gudden Optakt an d’neit Jugendsaison ze maachen.

Är Jugendkommissioun vun der US Hueschtert.