Lars SCHÄFER elo och offiziell neien Trainer beim USH fir Saison 2022/23 !

Prési a neien Trainer no der Ënnerschrëft



20 May 2022

Wi schons mi lang ugekënnegt huet den Lars SCHÄFER beim USH als neien Trainer ënnerschriwen fir Saison 2022/23.
De Lars huet 39 Joer a wor e.a. Profi bei Eintracht Trier an Salmrohr. Hien huet och e puer Saisons zu Hesper gespillt. Di lescht 4,5 Saisons wor hien Trainer zu Salmrohr (Oberliga).
Mir wënschen him alles Gudds a senger neier Missioun !