Jugend-News: Präsentatioun Saison 2020-2021


23 July 2020

Heimadder freeën mir eis iech kënnen d'Trainer vun deenen jeeweilegen Kategorien fir d'Saison 2020-2021 ze präsentéieren.

Mir sinn frou, dass mir schonn am Juni no der laanger Paus konnten erëm bei der Jugend mam Training ufänken fir lues a lues ërem d'Gefill fir de Ball ze kréien. Bis zur Schoulvakanz de 15ten Juli huet all Kategorie mat grousser Begeeschterung zweemol d'Woch trainéiert. D'Trainer hunn d'Kanner nach eemol an eng kleng Vakanz geschéckt éier mir Ufank August schonn rëm starten.

Den Ufank maachen d'Cadets den 3.August. Duerno ass et un de Scolaires (10. August), de Minimes (17.8) an de Poussins (18.8), sou wéi den 25. August un de Pupilles. Zu gudder Lescht sinn et d'Bambinis den 8. September. 

Mir wënschen all de Kanner an hiren Trainer eng flott an erfollegräich Saison 2020-2021.

ALLEZ HUESCHTERT