Den Albert huet ons am Alter vun 79 Joer verlooss


15 May 2020

Den Albert RECKINGER seet ons all nach emol Äddi.

Den Albert huet ons am Alter vun nëmmen 79 Joer verlooss, no langer Krankheet, déi den Albert bis zum Schluss matt vill Courage erdroen huet.

Den US HOSTERT trauert em sain léiwen an treien Frënnd, Supporter, Sponsor, Trainer (Seniors 1 bis Bambinis), fréieren Comité’smember, Member vun der Jugendkommissioun a vum Comité vun den Veteranen.

Den US HOSTERT verléiert e Rëckrad vum Verain zanter 1997. Den Albert wärt eng bleiwend Plaatz an der Geschicht vun der US HOSTERT behaalen an doriwer eraus am lëtzebojer Fussball.

Den Albert (FLF Lizenz 1957), wor lang Joren aktiven Goolkeeper an dono Trainer an verschiddenen Verainer (Mersch, Brouch, Steinsel, Flaxweiler, Walfer, Ettelbrëck, Bissen, Hesper a Millebach).

Den Albert wor och lang Joren (1992-2000) Member vum Conseil vun der FLF an hiiren Vizepresident.

Ons haerzlechst Baileed riichten mir un seng Fra Raymonde, sain Meedchen Nathalie an seng Enkelkanner.

R.I.P. Albert

Leider wor et ons net vergonnt Dain 80. an der USH hiiren 75. Gebuertsdag next Joer matt Dir zesummen ze feieren.

Dain US HOSTERT,
an déiwer Trauer.