3 Punkten an der Nospillzait

3 Punkten an der Nospillzait

De Kommentar: Bei enger Aafenhëtzt gewannen mir duerch e Gol, alt erem an der Nospillzait (97'), vum Thibault MAQUART deem säin Fräistouss nach liicht ofgefälscht gouf.
Et wor den erward schwéiere Match deen hin an hiir gang ass a wou Mamer kuerz vrun der Paus (45') 1-0 a Féierung gung. An der Nospillzäit (45+3) konnt den JD TIBOR no engem Korner mam Kapp via de Potto zum 1-1 an der Paus ausgläichen. Ob den Hassane M'BARKI nach matt der Fousspëtzt virun der Linn oder just hannendrun dru wor ...?
 
No der Paus verschéisst Mamer en Eelefmeter, ier den Halim MEDDOUR matt eng schéinen Schoss, nees no Korner, op 2-1 fir ons Fuarwen setzt (52'). Mir kënnen deen Avantage awer net haalen an de JAGER kann fir Mamer ausgläichen (76e). All Mënsch denkt elo un en Remis, ier ons Equipe, alt erem an der Nospillzait (97'), de Match nach entscheede kann.
Et ass daat den 3. wichtegen Gol an der Nospillzait a 4 Matcher. Daat weist de Charakter vun onser Équipe! Chance muss een och erausfuederen.
Matt 8 Punkten leien mir elo no 4 Matcher ongeschloen op der 4. Plaatz, 2 Punkten hannert dem Leader Beggen.
Félicitations un ons Jongen fir ni opzegin, waat erem belount gin ass.
E nexte Sonndeg geet et géint YB Weiler fir en 3. Erfolleg hannereneen.
Allez Hueschtert !