
1 Punkt an der 100. Minutt !
De Kommentar: Noom spéiden Ausgläich e leschte Sonndeg (95e) hun ons Supporteren haut bis di 100. Minutt misse warden, ier (erem) den M‘BARKI matt engem direkten Fräistouss konnt am Duell vun den Ofsteiger ausglaichen. De selwechte Spiller haat Mëtt vun der 1. Halschent allerdengs en 11m laanscht geschoss, esou dass ons Equipp nom fréie 1-0 fir Etzella (16e) huet missen de ganze Match engem Réckstand nolaafen…bis di 100. Minutt.
An der 2. Halschent wor dann och nëmmen ons Equipp um Drécker an haat och Pech bei engem Laateschoss vum L. BERNARDY.
Et wor hei méi dran, wa mir éischter e Gol geschoss hätten, mee um Enn musse mir ons matt dem spéiden Ausglaich zefridden weisen.
E nexte Samsten (18.00 Auer), muss d‘Equipp sech weider steigeren géint den iwwerraschenden Tabelleleader Luerentzweiler, wann (endlech) den 1. Erfollech an der Saison (an am Joer !) soll eraussprangen an net nach méi Terrain op d‘Spëtzt soll verluer gin.
Allez Hueschtert !