1. Erfolleg am 19. Match !

1. Erfolleg am 19. Match !

De Kommentar: Den USH lancéiert seng Saison géint den Leader!
1. Erfolleg vun der Saison, mee, mi wichteg, 1. Erfolleg zanter dem 5.12.2022 an 18. Matcher !
An dee wor héich verdengt op Gronnd vun enger gudder 2. Halschent.
Nodeems Luerentzweiler durch e Sonndesschoss um Samsten 1-0 a Féierung gung (39. Minutt) konnt den Thibault MAQUART matt engem schéinen Fräistouss nach virun der Paus ausgläichen (43. Minutt). Bis dohinner wor et en ausgeglachene Match.
An der 2. Halschent hun ons Jongen dunn direkt opgedréint an sech vill kloer Chancen eraus gespillt. 2x treffe mir just de Potto ier den Deniz MURIC matt engem schéinen Schoss verdéngt op 2-1 stellt (60. Minutt).
An der 80. Minutt mecht den Hassane El-BARKI matt sengem 4. Saisongol alles kloer (3-1).
 
Elo heescht et e nexte Sonnden zu Mamer ze confirméieren.
Allez Hueschtert!