Skip to contentSkip to footer
Football Club Union Sportive HOSTERT (*1946)

Football Club Union Sportive HOSTERT (*1946)
Football Club Union Sportive HOSTERT (*1946)

Umellen

Fehlstart an di nei Saison beim Opsteiger WALFER 🥴

3rd August 2026

US Hostert

image

E klassesche Fehlstart fir ons Equipp an den Trainer Marco MARTINO an di nei Saison beim Opsteiger WALFER. 
Obwuel ons Equipp an der 1. Halschent en 0-1 nach an eng 2-2 Féierung konnt dréien, sollt daat net duergoen. An der 2. Halschent ass net mi vill gelaaf an mir kruten di lang Bäll op den Macedo - trotz genuch Viirwarnungen - nie an de Grëff. Och di 5 Awiesselungen hu naischt mi bruecht.
👌Positiv opgefall ass onsen  Neizougang Volkan « Wolli » BALLICAGLIOGLU deen ons 2 Goler markéiert huet. 
👉Soss bleiwt awer nach vill Aarbecht an alle Beräicher a bei ville Spiller ass vill Loft no uewen. Et ass awer réicht den 1. Spilldaag an di vill nei Spiller mussen sech an dem Trainer säin System nach fannen. 
#allezUSH 💚 #allezHUESCHTERT 💚 #ush  💚 insta us.hostert