Saison 2022/2023


26 August 2022

Saison 2022/2023
 
Déi nei Saison ass dess Woch och fir eis Jugend gestart. Mat villen alen Gesichter mais och mat en puer néien Traineren ass en gutt Encadrement vun eiser Jugend nach ëmmer gi. Am Hannergrond sinn mam Kevin LACROIX (Koordinatioun) an Carlo DUPREL (Président) néi motivéiert Léit um Wierk, déi déi lescht Wochen schonn vill geschafft hunn, fir dess Woch ze preparéieren. Mir wënschen all eisen Traineren, Spiller an Supporteren vill Succès an virun allem vill Spaass!