Mir gewannen den Derby zu Walfer !
De Kommentar: No 2 Remis gewannen mir zu Walfer an bleiwen un der Tabellespētzt.
Wi esou oft hu mir di 1. Halschent rem total verschlof an, trotz enger fréier rouder Kaart fir Walfer (4. Min), wor et Lokalequipp di héich verdéngt 1-0 an d'Paus gung. Onse Keeper Théo SARDOU huet nach Schlëmmeres verhënnert.
No der Paus konnt ons Equip de Match awer dréien durch en Elefmeter vum Kilian AMEHI (1-1) an di éischt 2 Saisongoler vum agewiesselten Abdi DZAFO (1-3). An der Nospillzäit huet den Thibault MAQUART nach een dropp gesaat (1-4).
Fairerweis muss een soen, dass di Walfer sech trotz duebeler Ennerzuel (70.) iwert de ganze Match ganz deier verkaaf hun an mir ons ganz schwéier gedun hun, vill méi wi d'Resultat et ausseet.
Domadder bleiwe mir un der Tabellespëtzt matt net manner wi 40 Goler um Konnt, an daat haut och ouni onsen blesséierten Topscorer Hassane M'BARKI.
#allezUSH