US Rumelange 0 4 US Hostert
15/03/2019 - 20:00
championnat

journée 17

équipe:

Pleimling

Bei – Eichhorn – Hoffmann (80. Wang) – Stumpf C.

Peters

Serwy – Lahyani – Stumpf D. (77. Schmit) – Lavie

Desevic (64. Dervisevic)

réserves:

Roulez (g.d.b.), Sacras

58. 0 – 1 Lahyani

60. 0 – 2 Stumpf D.

66. 0 – 3 Lavie

73. 0 – 4 Eichhorn

 

An der éischter Hallschent war et zu Rëmeleng gréisstendeels eng ausgeglache Partie, wou béiden Ekippen net wierklech vill gelongen ass.

Déi éischt Chance vum Match goung op de Kont vun Hueschtert. Do war et de Bei deen iwwer déi riets Säit gaangen ass an an der Mëtt den Desevic fonnt huet. De Spiller vun Hueschtert huet et aus der zweeter Rei probéiert, ma de Schoss war bei wäitem net placéiert genuch.

Déi bescht Chance an der éischter Hallschent geet awer op de Kont vun der Lokalekipp. An der 18. Minutt huet den Dragovic do mat engem Volley awer nëmmen de Potto getraff.

Déi bescht Chance vun Hueschtert gouf et an der 23. Minutt, wou den Desevic eleng virum Winckel stoung, de Ball awer nieft de Gol geschoss huet.

Kuerz virun der Paus, an der 44. Minutt huet de Potto dunn nach emol gerett fir Hueschtert, dat no engem Distanzschoss vum Gomes.

An den zweete 45 Minutten hu béid Formatiounen et dunn och nees dacks aus der Distanz probéiert, mä dat ouni Erfolleg. An der 58. Minutt konnt Hueschtert sech dunn awer iwwer den 1:0 freeën. Den Denis Stumpf huet de Ball zeréckgeluecht fir de Khalid Lahyani an deen huet de Ball perfekt getraff an esou seng Faarwen a Féierung bruecht.

No dësem Gol huet bei Rëmeleng du guer näischt méi funktionéiert a bei Hueschtert bal alles. Nëmmen 2 Minutten nom 1:0 konnt den Denis Stumpf nämlech den 2:0 markéieren, dat op Virlag vum Desevic.

An der 66. Minutt war et dunn de Lavie, deen op 3:0 stelle konnt, dat no enger gudder Konterattack vun de Jonge vum Henri Bossi.

Hueschtert hat elo awer nach ëmmer net genuch an den Eichhorn huet an der 73. Minutt op 4:0 erhéicht. Dëst sollt och de leschte Gol vum Match sinn an domat ass et um Enn eng verdéngten an awer och ganz wichteg Victoire fir d’US Hueschtert. Fir Rëmeleng gëtt et iwwerdeems ëmmer méi schwéier. Mat 9 Punkte sti si ganz ënnen um Wupp vun der Tabell.

©rtl.lu