US HOSTERT 0 3 Victoria Rosport
30/09/2018 - 16:00
championnat

journée 7

équipe:

Pleimling

Bei (71. Dervisevic D.) – Eichhorn – Hoffmann – Stumpf C.

Peters

Stumpf D. – Wang (27. Hurth) – Dervisevic A. (39. Vaz Djassi) – Lahyani

Desevic

réserves:

Roulez (g.d.b.), Sacras

62. 0 – 1

77. 0 – 2

90. 0 – 3

Och wann een zu Hueschtert zwou engagéiert Ekippe gesinn huet, sinn et keng sou richteg Occasiounen an den éischte 45 Minutte ginn. Bis op de Käpper vum Biedermann an der 26. Minutt, deen de Pleimling am Gol vun den Hueschterter nach esou just iwwert d’Laat leede konnt, ass et zu soss kenge richtege Chancë komm, sou dass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass.

Nom Säitewiessel haten d’Haushäre vun Hueschtert méi Undeeler um Match, ma an der 62. Minutt war et de Biedermann, deen dem Pleimling am Gol mat sengem Kappball aus kuerzer Distanz keng Chance gelooss huet a sou den 1:0 aus Rousperter Siicht geschoss huet.

Eng véierel Stonn drop war et dann erëm de Biedermann, dee vu senger Gréisst profitéieren a mam Kapp den 2:0 fir de Gaascht vu Rouspert schéisse konnt. Sekonne viru Schluss huet dunn de Weirich mam 3:0 fir Rouspertalles kloer gemaach, sou datt d’Gäscht um Enn mat 3:0 gewonnen hunn.

©rtl.lu