US HOSTERT 4 2 US Rumelange
31/08/2018 - 20:00
championnat

journée 5

équipe:

Pleimling

Eichhorn – Bertoux – Hoffmann – Stumpf C.

Peters – Dervisevic A. (57. Wang)

Stumpf D. – Dervisevic D. (55. Lusala) – Lahyani (82. Vaz Djassi)

Desevic

réserves:

Roulez (g.d.b.), Sacras

16. 1 – 0 Desevic

30. 1 – 1

71. 2 – 1 Wang

80. 3 – 1 Lahyani (pénalty)

84. 4 – 1 Stumpf D.

90. 4 – 2 (pénalty)

Hueschtert war an den éischte Minutte vun der Partie déi méi aktiv Ekipp. Si hunn de Ball propper an hire Rei lafe gelooss a stounge wéi och schonn de leschte Weekend géint Nidderkuer hanne ganz kompakt. An der 16. Minutt ass dunn den éischte Gol gefall an dat duerch den Desevic vun Hueschtert. No engem Ballverloscht vu Rëmeleng hat d’Lokalekipp séier ëmgeschalt, den Hoffmann hat dem Desevic de Ball an de Laf gespillt an deen hat kee Problem, dat ronnt Lieder an de Gol ze setzen. An der 27. Minutt gouf et dunn déi éischt geféierlech Golchance fir d’Gäscht, ma dem Lusamba säi Schoss ass laanscht de Gol gaangen. 3 Minutte méi spéit ass dunn awer den Ausgläich gefall. Aus 25 Meter hat den Donval mat engem präzise Schoss getraff. Mam 1:1 huet den Arbitter d’Spiller an d’Kabinn geschéckt.

No der Paus ass et weider eng ganz interessant a kierperbetount Partie bliwwen. Et ass ëmmer nees hin an hier gaangen. An der 63. Minutt hat Rëmeleng eng duebel Chance. Fir d’éischt war e Schoss vum Diallo knapps laanscht de Gol gaangen an duerno huet e weidere Schoss de Gol knapp verfeelt. Déi Hueschterter hunn et an der 71. Minutt besser gemaach. Nodeems de Kipper vum Opsteiger e Käpper vum Desevic ofgewiert hat, stoung de Wang genee richteg an huet den Ofpraller propper an de Gol gekäppt. Hueschtert hat duerno nach net genuch a konnt an der 80. Minutt duerch een Eelefmeter vum Lahyani an an der 84. Minutt duerch e Lopp vum Stumpf op 4:1 setzen. An der 90. Minutt huet Rëmeleng duerch en Eelefmeter vum Sahin nach op 2:4 verkierzt, méi no sollten d’Gäscht awer net méi erukommen.

Hueschtert wënnt domadder mat 4:2 géint den Opsteiger Rëmeleng.

© rtl.lu