US HOSTERT 1 6 Una Strassen
05/08/2018 - 18:00
championnat

journée 1

équipe:

Roulez

Steinmetz – Bertoux – Hoffmann – Stumpf C.

Peters

Eichhorn – Wang – Dervisevic A. – Lahyani

Dervisevic

35. 1 – 0 Wang

37. 1 – 1

45 1 – 2

50. 1 – 3

75. 1 – 4

90.+1 1 – 5

90+3 1 – 6

D’US Hueschtert wollt am 1. Heemmatch viru 503 Spectateure géint d’Una vu Stroossen gutt an déi nei Saison starten. Déi éischt 15 Minutte waren awer vun enger héijer Unzuel u Feelpassen op béide Säite gepräägt, deemno goufen et och net vill zwéngend Golchancen. Et waren déi Stroossener déi no enger hallwer Stonn fir d’1. Kéier hallef geféierlech virun den Hueschterter Gol koumen, ma kuerz drop war et awer d’Union Sportive, déi no enger Flank vum Steinmetz an engem Kappball vum Wang hiren 1. Gol vun der Saison markéiere konnt.
D’Äntwert vu Stroossen hat awer net laang op sech waarde gelooss. No enger Onstëmmegkeet an der Defense koum de Lourenco am 16ter fräi zum Schoss an huet de Ball flaach eragesat – 1:1 an der 35. Minutt. Knapp 10 Minutten no dëser Aktioun war de Ball dem Peters un d’Hand gesprongen, wouropshin et ee Fräistouss gouf. Vun hallefriets war et den Dos Santos, deen de Ball iwwer d’Mauer dréie konnt an dem Neizougang Roulez am Gol vun Hueschtert keng Chance gelooss hat – mam 1:2 fir Stroossen ass et an den Téi gaangen.
6 Minutte war déi 2. Halschecht al, wéi den Dos Santos säin 2. perséinleche Gol vum Dag markéiere konnt. No Gewulls am Strofraum konnt hien de Ball an de Filet setzen an op 3:1 fir Stroossen erhéijen. Déi Stroossener ware weiderhi geféierlech: mat engem Wäitschoss vu 25m hat de Lafon de Roulez gepréift, dëse konnt de Ball awer deviéieren. Et hat bis déi 74. Minutt gedauert an d’Una konnt de Score a Persoun vum Runser op 4:1 eropsetzen.
Den definitive K.O. war dem Bernardelli gelongen. De Stroossener war no engem Corner vum Lafon am héchste gesprongen an hat dem Roulez am Gol keng Chance gelooss. Fir déi Hueschterter koum et esouguer nach schlëmmer, well an der 93. Minutt konnt de Ruppert fir d’Una op 6:1 erhéijen.
Déi Stroossener maache géint een direkte Konkurrent vun Hueschtert eng gutt Affär an huelen hinnen 3 Punkten of.

© rtl.lu