Union Titus Pétange 2 0 US Hostert
03/11/2019 - 16:00
championnat

journée 11

équipe:

Pleimling

Bei – Duracak – Dervisevic – Koljenovic

Tada (46. Desevic) – Nouidra

Stumpf – Lamotte (46. Wang) – Schmit (81. Do Rosario)

Lusala

réserves:

Roulez (g.d.b.), Steinmetz

09. 1 – 0

82. 2 – 0

83. carton jaune/rouge Dervisevic

Zu Péiteng kuckt an de leschte Wochen alles op den Arthur Abreu: de Stiermer vun Titus weist dës Saison eng exzellent Leeschtung, ma domat awer net genuch. Péiteng konnt sech uewen an der Tabell festsetzen a kënnt nieft flotten Eenzelleeschtungen iwwert ee staarke Kollektiv an deen hu si och um Sonndeg nees ënner Beweis gestallt.

Fréi ass der Lokalekipp den 1:0 gelongen. De Bijelic hat eng schéi Pass an d’Spëtzt vum Hamzoui am Hueschterter Gol ënnerbruecht. Titus war an der 1. Hallschecht weider déi besser Ekipp, ouni sech awer ze iwwerhuelen. Och am 2. Duerchgang war d’Victoire vu Péiteng ni richteg a Gefor an 8 Minutte viru Schluss huet et eng 2. Kéier gerabbelt. Et war de Soladio, dee fir seng Faarwen op 2:0 setze konnt. Titus bleift no dëser Victoire Leader an der Tabell (rtl.lu)