RM Hamm Benfica 1 2 US HOSTERT
21/10/2018 - 16:00
championnat

journée 9

équipe:

Pleimling

Steinmetz – Dervisevic A. – Hoffmann – Stumpf C.

Vaz – Wang – Lahyani – Dango (84. Dervisevic D.) – Desevic (77. Peters)

Yala Lusala (59. Stumpf D.)

réserves:

Roulez (g.d.b.), Sacras

23. 1 – 0

28. 1 – 1 Dango

45. 1 – 2 Hoffmann

D’Gäscht vun Hueschtert ware gutt an de Match koum, ouni sech awer eng kloer Chance erausspillen ze kënnen. No 10 Minutte konnt den RM Hamm Benfica da lues a lues d’Spill an hier Direktioun dréinen a sou war et den Arantes deen an der 23. Minutt den éischte Gol vun der Partie schéisse konnt. No engem Corner vum Mendes kritt de Pleimling de Ball net gefaangen an den Arantes stoung hannert him an konnt de Ball mam Kapp iwwert d’Linn drécken.

Nëmme 5 Minutte méi spéit konnt Hueschtert awer ausgläichen. De Steinmetz setzt sech gutt op der rietser Bande duerch, ma seng Flank hat awer just de Potto getraff. Den Dango stoung an der Mëtt awer genau richteg a konnt den Ausgläich mam Kapp schéissen.

An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent konnt Hueschtert de Match dann dréinen, dëst nodeems den Dango eng zweete Kéier zougeschloen hat. No engem sate Schoss vum Hoffmann aus grousser Distanz konnt d’Lat nach fir déi Hammer retten, ma den Dango stoung erëm richteg a konnt d’Féierung fir seng Faarwen schéissen.

An der zweeter Halschent ass de Match awer verflaacht an et gouf wéineg bis guer keng Geleeënheete méi, sou dass et um Enn och bei der 1:2-Defaite fir den RM Hamm Benfica bleift.

©rtl.lu