Progrès Niederkorn 1 1 US HOSTERT
26/08/2018 - 16:00
championnat

journée 4

équipe:

Pleimling

Eichhorn – Dervisevic A. – Bertoux – Stumpf C.

Peters – Hoffmann

Wang (58. Hurth) – Lahyani (79. Dango) – Stumpf D. (85. Sacras)

Desevic

réserves: Roulez (g.d.b.), Dervisevic D.

48. 1 – 0

54. carton jaune/rouge Niederkorn

64. 1 – 1 Stumpf D.

 

Tëscht béiden Ekippen gouf et an den éischte Minutte keng geféierlech Chancen, dat well Hueschtert de Progrès ganz fréi gestéiert huet, hanne stabil stoung an déi Nidderkuer doduerch keng richteg Plaz haten, fir ze kombinéieren. Eng geféierlech Chance gouf et an den éischten 30 Minutten an dat fir d’Lokalformatioun. De Bastos stoung eleng virum Gol, ma huet de Ball knapp laanscht geschoss. An der 39. Minutt an an der 44. Minutt huet de Progrès et nach eng Kéier duerch de Schneider an de Martins probéiert, ma déi eng Kéier hat de Kipper Pleimling kee Problem, de Schoss ofzewieren an déi aner Kéier huet d’Defense vun Hueschtert de Ball degagéiert.

Wärend den éischte 45 Minutten ass domadder kee Gol gefall. D’Partie hat wéineg Tempo an och kaum geféierlech Golchancen.

Kuerz nom Téi kruten déi 452 Spectateuren dunn den éischte Gol ze gesinn. An der 48. Minutt war de Martins am Strofraum vum Eichhorn vun de Been geholl ginn, dem Arbitter ass näischt anescht iwwreg bliwwen, wéi op de Punkt ze weisen. Den de Almeida huet sech der Saach ugeholl a souverän fir den 1:0 fir Nidderkuer gesuergt. Batter fir d’Lokalekipp war déi giel-rout Kaart vum Hall an der 54. Minutt, well 10 Minutten drop huet Hueschtert dës Iwwerzuel ausgenotzt, fir duerch de Stumpf op 1:1 auszegläichen.

Nidderkuer war duerno weider beméit. An der 70. Minutt war de Ball dem Kerger am Strofraum virun d’Féiss gefall, ma de Pleimling hat opgepasst a konnt am 2. Versuch dat ronnt Lieder festhalen. An der 84. Minutt hat den Thill den 2:1 um Fouss leien, ma säi Fräistouss vun der lénker Säit ass ganz knapps iwwert d’Lat gaangen.

Och um 4. Spilldag huet sech de Vize-Champion weider schwéier gedoen. A muss sech um Enn nom 1:1 mat engem Punkt géint Hueschtert zefridde ginn. Fir Hueschtert ass et den éischte Punkt fir dës Saison.

Net am Kader stoung um Sonndeg den Olivier Thill bei den Nidderkuer. De Spiller steet jo kuerz virun engem Wiessel bei den FC Ufa aus Russland. Den Transfert soll Ufank nächster Woch finaliséiert ginn.

© rtl.lu