Jeunesse Esch 3 0 US HOSTERT
07/10/2018 - 16:00
championnat

journée 8

équipe:

Pleimling

Bei – Eichhorn (46. Pacheco) – Hoffmann – Stumpf C.

Lahyani – Wang

Steinmetz (78. Lusala) – Hurth (71. Sacras) – Stumpf D.

Desevic

réserves:

Roulez (g.d.b.), Dervisevic D.

50. 1 – 0

67. 2 – 0

80. 3 – 0

Den éischte Schoss vun der Partie soll de Gäscht vun Hueschtert gehéieren, ma beim Schoss vum Hurth sollt de Sommer guer keng Problemer hunn. Am Géigenzuch hat d’Lokalekipp vun Esch dunn och hir éischt Chance. De Kyereh gouf an d’Déift geschéckt, ma den Escher Buteur mécht aus dëser gudder Chance näischt.

Nëmmen 2 Minutte méi spéit eng weider gutt Chance fir d’Escher Jeunesse. De Kyereh huet sech déi Kéier gutt op der Säit duerchgesat an huet de Ball an d’Mëtt ginn, wou en iwwer Ëmweeër beim Lapierre gelant ass. De Schoss vum Escher gouf allerdéngs ofgefälscht an ass esou iwwert de Gol gaangen.

D’Jeunesse huet weider dominéiert an no 12 Minutte war de Ball du bal dobannen. Et goung op en Neits iwwer de Kyereh, deen am Strofraum de Ball opgeluecht huet fir de Pedro, ma den Hoffmann konnt deem säi Schoss op der Linn blocken.

Déi nächst gutt Chance goung allerdéngs hunn d’Ekipp vum Trainer Henri Bossi. No engem Ballverloscht vun den Escher koum de Wang um 16-Meter un de Ball an huet geschoss, ma aus Hueschterter Siicht leider nëmmen de Potto getraff.

Hueschtert huet den Drock elo erhéicht an ass ëmmer besser an de Match komm. D’Jeunesse hat elo Schwieregkeet, virun allem, well wann dann ass bei hinnen nëmmen eppes iwwert de Kyereh gaangen.

An der Paus huet de Marc Thomé dunn awer wuel déi richteg Motivatioun mat op de Wee ginn, well an der 49. Minutt konnt d’Jeunesse dunn a Féierung goen an dat natierlech duerch de Kyereh. Den Escher huet eng flott Une-deux mam Duriatti gespillt a konnt fir den 1:0 suergen.

D’Jeunesse huet elo ëmmer weider opgedréint a konnt no enger Stonn bal den 2:0 feieren. De Pleimling am Gol vun Hueschtert konnt de Schoss vum Luisi paréieren, ma den N’Diaye war bereet fir den Noschoss, ma dee goung nëmmen op de Potto.

An der 68. Minutt hunn déi 876 Spectateuren op der Escher Grenz dunn nach een zweete gol gesinn. De Kyereh ass nees iwwer d’Säit gaangen an huet an der Mëtt den Todorovic fonnt. Den Escher Kapitän huet sech dës Geleeënheet net entgoe gelooss a konnt op 2:0 stellen.

An der 81. Minutt gouf den Er Rafik an d’Déift geschéckt, den Escher Buteur ass äiskal bliwwen a konnt de Pleimling iwwerwannen an huet esou fir d’3:0-Schlussresultat gesuergt.

©rtl.lu