US HOSTERT – Progrès Niederkorn

Récapitulatif

Nidderkuer huet vun Ufank un d’Partie diktéiert an hat no 5 Minutten eng éischt Chance, mee de Kornetzky konnt de Schoss vum Karapetian an de Corner-Aus deviéieren. An der 8. Minutt konnte si dunn awer eng éischte Kéier zouschloen. Den Olivier Thill huet ee Fräistouss vun der Säit an d’Mëtt bruecht an do war et de Karapetian, deen Nidderkuer mat engem präzise Kappball a Féierung brénge konnt. Obwuel d’Equipe vun Nidderkuer d’Partie am Grëff hat, sinn déi Hueschterter ëmmer besser an de Match komm. An der 40. Minutt leet den Drif, no engem gudden Dribbling de Ball centre en retrait op de Wang, deen den 1:1 markéiere konnt – mat dësem Resultat goung et dann och an den Téi. Duerno ass Nidderkuer awer besser an de Match komm: No 54 Minutten stoung et 1:2 fir déi Schwaarzgiel. E bësse glécklech lant de Ball am Gol vum Hueschterter Keeper, dat no enger mëssgléckter Flank vum Kerger. Nodeems Hueschtert, an de Persoune vum Bouchibti an Desevic, d’Chance op den 2:2 net wouergeholl huet, waren et déi Nidderkuerer déi de Score an der 71. Minutt op 1:3 an an der 75. séier op 1:4 eropschrauwe konnten. D’Goler schéissen den De Almeida an de Françoise. Deen ee Gol vum Karapetian an der 1. Halschecht war dem Georgier wuel net duergaangen, well et war hien, deen an der 79. den 1:5 an zwou Minutten duerno den 1:6 markéiert huet – Hattrick! Zwar hunn d’Hueschterter nach dat eent oder anert Liewenszeeche gewisen, mee de Match war gelaf. (RTL)

Détails

Date Temps Ligue Saison
13/05/2018 16 : 00 BGL-Ligue 2017-2018

Résultats

US HOSTERT

# Joueur Position Goals Assists Yellow Cards Red Cards
DESGRANGES Nicolas 11Defender0000
GOMES FERRAZ DanyDefender0000
KORNETZKY Jean-FrancoisGoalkeeper0000
BOUCHIBTI RadwanneForward0000
6BATTAGLIA, Thomas 77Midfielder0000
8WANG JuncaiMidfielder1000
11DRIF, Achraf Midfielder0000
12BOUKHETAIA AlexandreGoalkeeper0000
18STUMPF Denis 27Midfielder0000
19MURA, GuillaumeDefender0000
21DERVISEVIC AldinMidfielder0000
24BERTOUX JulienDefender0000
27STEINMETZ Cédric 18Midfielder0000
30KOLJENOVIC, DemirDefender0000
33STUMPF ChrisMidfielder0000
77DESEVIC, Admir 6Forward0000
 Total 1000

Progrès Niederkorn

Position Goals Assists Yellow Cards Red Cards
 0000

US HOSTERT – Progrès Niederkorn

01/01/70
Media:
Catégorie:

Download